Braderie Käl

Käler Braderie

De Stand vun der CSV Käl-Téiteng op der Käler Braderie hat vill Succès. Dëst ass ëmmer erëm eng flott Méiglechkeet fir gemittlech beieneen ze sëtzen an iwwer verschidden Themaen mateneen an d’Gespréich ze kommen. Mer si frou, dass esou vill Leit de Wee bei eis fonnt hunn. Op eisem Stand konnte mer och verschidde Politiker aus der nationaler Politik begréissen, déi bereet waren iwwer déi verschidden Froen vum Referendum mat den Interesséierten ze diskutéieren.