En Joer ass schnell em. An esou fannen mer eis och schonn erëm am Oktober zeréck. Net méi laang, an en Joer voller Evenementer geet zum Enn.
Mir Jonker aus dem Käldall waren an eisem éischten Bestehungsjoer och gläich schonn en puer mol aktiv. D’Ziel vun eisen Aktivitéiten war et ze weisen datt mir als Jonk CSV Memberen den Dialog „Dobaussen“ sichen. Mir wëllen eis matdeelen an net nëmmen passiv matliewen.
Mir sinn houfreg, dat dëst eis gutt geléngt. Vill interessant Diskussiounen konnten mir esou schonn féieren an mir freeën eis op all weider Méiglechkeet aktiv um Parteiliewen deel ze huelen.
En groussen Merci geet dofir un eis zwou CSV Sektiounen Käl-Téiteng an Rëmeleng. Mir genéissen d’Ënnerstëtzung vun béiden Sektiounen. Och wann een net ëmmer direkt eng Meenung deelt.
Zwee Evenementer hunn dëst Joer erausgestach.
Mir hunn mat engem Cocktail-Stand um Käler Blummenmoart deel geholl. Et war en flotten Dag zu Käl am Park, wou mer vill interessant Gespréicher gefouert hunn.
Zu Rëmeleng hunn mer zesumme mat der Sektioun Rëmeleng en Stand op der Braderie gehat. Hei hu mir en Quiz organiséiert wou mat ronn 130 „Teilnehmer“ ganz gutt ukomm ass.
Den 1. Präis, en Bong fir en Besuch am Restaurant „Brasserie du Musée“ huet d’Madame Marianne Lombardi vu Rëmeleng gewonnen.
Den 2. Präis, 4 Entréeë fir an de Musée des Mines huet d’Madame Morgane Mayer vun Téiteng gewonnen.
An den 3. Präis, zwou Entréeë fir an de Musée des Mines ass un d’Madame Amina Skrijelj och vun Téiteng gaangen.
Mir gratuléieren deenen 3 Gewënnerinnen!!!
Mir wënschen eis fir de Rescht vun dësem Joer nach vill interessant Gespréicher. Villäicht begéint een sech jo nach op en Wuert an eisem schéine Käldall.
De Comité vun der CSJ Sektioun Käldall