D’CSV Käl-Téiteng stellt hir Kandidate fir d’Gemengewahle vum 08. Oktober vir.
Mer si Fraen a Männer, déi bereet sinn, an der Gemeng Verantwortung ze iwwerhuelen. Fraen a Männer, déi bereet sinn, hir Kompetenzen an den Déngscht vun der Gemeng ze stellen.
Mer wëllen d’Projeten an der Gemeng verantwortungsvoll ëmsetzen, d’Zesummeliewen an der Gemeng fërderen, an en oppent Ouer fir d’Uleies an d’Ureegunge vun all Bierger hunn.
Mer zielen op Äert Vertrauen, fir zesumme Käl an Téiteng no vir ze bréngen.
51 Joer, Käl, bestuet, 3 Kanner
Team Leader bei Dupont Teijins Film
„Bei dem konstanten Wuesstum vun eiser Gemeng, dierf een net vergiessen déi sozial Infrastrukturen an Frazäit-an Kulturaktivitéiten unzepassen an sou d’Liewensqualitéit vun eise Bierger héichzehalen.Dofir ginn ech den 08. Oktober an der Gemeng Käl mat der CSV an d’Gemengewahlen.“
Marie-Paule Freyeisen ép. Nilles
53 Joer, Käl, bestuet, 2 Kanner
Bertriebswirtin
„D’Gemeng geet jiddereen eppes un. Den Awunner, déi bereet sinn, sech anzesetzen, musse mer d’Méiglechkeet ginn, hir Iddien auszedrécken an hir Talenter mat anzesetzen. Zum Beispill bei der Organisatioun vun der Hausaufgabenhëllef. Dofir ginn ech den 08. Oktober an der Gemeng Käl mat der CSV an d’Gemengewahlen.“
D’ Marie-Paule stell sech vir …
José Gonçalves
62 Joer, Käl, bestuet, 2 Kanner
Maître Instructeur de conducteurs de véhicules automoteurs
„De Betriber musse mer d’Méiglechkeet ginn, sech entwéckelen ze kënnen. Zesumme mat der Gemeng Rëmeleng kënne mer eng regional Zone artisanale schafen. National musse mer eis staark maachen, fir de Verkéier an de Grëff ze kréien. Dofir ginn ech den 08.Oktober an der Gemeng Käl mat der CSV mat an d’Gemengewahlen.“
24 Joer, Käl, Jonggesellin
Germanistik-Studentin op den Universitéite Lëtzebuerg, Saarbrecken a Metz
„Mäin Zil ass et, an noer Zukunft am Enseignement ze schaffen, dowéinst läit mer d’Schoulwiesen an eiser Gemeng besonnesch um Häerz. De Kontakt mat an ënnert de Leit an d’Zesummeliewe vu verschiddene Kulturen si mer awer och immens wichteg, och op kulturellen Evenementer oder bei sportlechen Aktivitéiten. Dofir ginn ech den 08. Oktober an der Gemeng Käl mat der CSV an d’Gemengewahlen.“
64 Joer, Käl, bestuet, 1 Kand
Fräischaffend i.r.
„Fir laangfristeg d’Liewensqualitéit an eiser Gemeng sécher ze stellen, brauche mer keng Prunkbauten, mä stabil, bezuelbar an energieeffizient Schoulen an Infrastrukture fir Sport a Kultur. Dofir ginn ech den 08. Oktober an der Gemeng Käl mat der CSV an d’Gemengewahlen.“
29 Joer, Käl, Jonggesell, 1 Kand
Steward bei der Luxair
„Vu kleng, jonk bis den 3. Alter solle mer eis an der Gemeng nees Wuel a sécher fillen. Jo zum Wuesstum awer net zu all Präis. Meng Prioritéite sinn, d‘Familljen- a Senioreliewen an der Gemeng ze fërderen, dofir ginn ech den 08.Oktober an der Gemeng Käl mat der CSV mat an d’Gemengewahlen. “
53 Joer, Käl, bestuet, 3 Kanner
Exploitant vum Café Rond-Point zu Käl, der Friture beim Petz zu Remerschen, der Friterie Camping Kockelscheuer an der Buvette am Stade Josy Barthel.
„Traditioune a Fester sinn e wichtegen Deel vum Gemengeliewen. Et gëtt de Bierger d’Méiglechkeet, sech ze begéinen a sech auszetauschen. D’Zesummeliewen an d’Suerge vun de Bierger leie mer um Häerz. Dofir ginn ech den 08. Oktober an der Gemeng Käl mat der CSV an d’Gemengewahlen.“
41 Joer, Téiteng, bestuet, 2 Kanner
Kannerdokter
„Lëtzebuerg ass en Immigratiounsland, och eis Gemeng gëtt ëmmer méi international. Integratioun muss permanent gefërdert ginn, well vun engem gelongene Matenee profitéiere béid Säiten. Fir dass eis auslännesch Matbierger sech gutt aliewe kënnen, mussen d’Strukturen ëmmer erëm adaptéiert an optiméiert ginn. Dofir ginn ech den 08. Oktober an der Gemeng Käl mat der CSV an d’Gemengewahlen.“
De Manuel Xavier stell sech vir …
Jean-Jacques Siedler
59 Joer, Téiteng, Jonggesell
Associé vun der Firma Siedler Thill et fils
„Lokal a Regional hu mer d’Potenzial, fir dem Tourismus nei Impulser ze ginn. De Patrimoine culturel an eiser Gemeng musse mer opwäerten. Dofir ginn ech den 08. Oktober an der Gemeng Käl mat der CSV mat an d’Gemengewahlen.“
53 Joer, Téitentg, bestuet, 2 Kanner
Erzéierin bei Caritas Jeunes et Familles
„Als Mamm vun zwee Meedercher an am Beräich vun der Kannererzéiung schaffend, leie mer eis Kanner an eis Jugend voll a ganz um Häerz. Si sinn eis Zukunft an dofir däerfe mer si net am Ree stoe loossen! Dofir ginn ech den 08. Oktober an der Gemeng Käl mat der CSV an d’Gemengewahlen.“
70 Joer, Käl, bestuet, 2 Kanner
pensionéierte Geschäftsmann
„Den 3. Alter soll och nach aktiv um kulturellen, sportlechen a politesche Liewen an eiser Gemeng deelhuele kënnen. Dofir ginn ech den 08. Oktober an der Gemeng Käl mat der CSV mat an d’Gemengewahlen.“
57 Joer, Téiteng, bestuet, 4 Kanner
Attaché à la direction am Lycée Technique Privé Emile Metz
„D’Aarbechten an der Gemeng musse gutt duerchduecht sinn an zügeg ëmgesat ginn. Vun de Bierger kommen oft wäertvoll Ureegungen, déi hëllefe kënnen, Projeten besser ze maachen. Fir e respektvollt Mateneen, dofir ginn ech den 08. Oktober an der Gemeng Käl mat der CSV an d’Gemengewahlen.“
38 Joer, Käl, Jonggesellin
Infirmière diplômée, Coordinatrice adjointe bei der Verbandskëscht
„Duerch mäi Beruff, sinn ech sozial engagéiert a wëll mech fir déi eeler Generatioun asetzen, andeems ech si ënnerstëtze wëll, esou laang ewéi méiglech, an hirem gewinnten Ëmfeld kënnen ze liewen a betreit kënnen ze ginn. Dofir ginn ech den 08. Oktober an der Gemeng Käl mat der CSV an d’Gemengewahlen.“









