Skip to content

AGE & Neijoerschpatt

Presentatioun vun eise kanidate fir d’Gemengewalen 2023

Den 9. Januar goufen eis 13 Kandidatinnen a Kandidate fir d’Gemengewalen 2023 op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung an der Schungfabrik zu Téiteng vum Stéphanie Weydert, CSV-Generalsekretärin, virgestallt. D’Lëscht gouf dann och unanime vun de Memberen ugeholl. 
Eis Kandidatinnen a Kandidate si prett fir d’Erausfuerderung Gemengwalen 2023!

Direkt am Uschloss op d’Presentatioun huet de Sektiouns-Comité op däin traditionnellen Neijoerschpatt invitéiert. Esou haten d’Memberen direkt d’Méiglechkeet, sech mat den 13 Kandidaten auszetauschen. 

Mer soen all eise Memberen e gousse Merci fir hir Ënnerstëtzung!

Beitrag deelen