Skip to content

Walprogramm

EISE WALPROGRAMM FIR D’GEMENGEWALEN 2023.

matenee fir eis Gemeng – matenee fir Käl-Téiteng

INTRO

Eis Gemeng ass an de leschte Jore staark gewuess. Louch d’Awunnerzuel virun 10 Joer nach bei knapp iwwer 8.400, si mer mëttlerweil bei bal 10.000 Biergerinnen a Bierger zu Käl an Téiteng ukomm. Dowéinst musse mer als Gemeng méi grouss denken an op laang Siicht plangen. 

Dëse Walprogramm skizzéiert deemno d’Entwécklung vu Käl an Téiteng fir d’Zukunft an den nächste Joren a weist, wéi ee Wee ageschloe soll ginn. Eis Gemeng brauch op politeschem Plang eng kompetent an dynamesch Ekipp mat enger staarker an zukunftsorientéierter Visioun. 
Dësen Ufuerderunge wëlle mer als CSV gerecht ginn, andeems mer eis als Ekipp op ustoend Aufgabe virbereet hunn an zu all Moment en oppent Ouer fir d’Uleies vun eise Matbierger haten. Esou konnte mer zum Beispill vill Iddien op eise Quartiersvisitte sammelen, hu souwuel dës wéi och eegen Ureegungen a Workshops zesummegedroen, organiséiert an ëmmer nees mat Hëllef vun neiem Input iwwerschafft.

Eise Walprogramm setzt domat de Kader, wéi mer eis d‘Zukunft vu Käl an Téiteng fir déi nächst Jore virstellen an den eenzele Besoine vun eiser Gemeng souwéi de Bedierfnisser vun de Bierger wëlle gerecht ginn. En ass eng Reaktioun op nei politesch Erausfuerderungen. 
Och wa sech eenzel Punkte vun dësem Walprogramm spezifesch op d’Kanner, déi Jugendlech oder d’Seniore bezéien, hu mer d’Leit am Alter vu 25 bis 60 Joer natierlech net vergiess. Eise gesamte Walprogramm huet och fir si vill ze bidden. Et ass e Programm fir all Alter!

Bei eisem Walprogramm leeë mer de Fokus op 3 Haaptziler: 

  • DE BIERGER AN DE MËTTELPUNKT STELLEN
  • AN ENGER ATTRAKTIVER GEMENG LIEWEN
  • EN ZUKUNFTSORIENTÉIERTE BLÉCK HUNN

Fir dës Ziler ze erreechen, hu mer de Contenu vun eisem Walprogramm a 7 grouss Kategorien agedeelt:

1) ENG GEMENG FIR ZE LIEWEN

2) ENG SOZIAL GEMENG

3) MOBILITÉIT

4) URBANISMUS

5) ËMWELT A KLIMA

6) EKONOMIE

7) SÉCHERHEET

1. Eng Gemeng fir ze liewen (1)

PARTICIPATIOUN

Wéi et ee vun eisen dräi Haaptziler virgëtt, wëlle mer de Bierger zu engem Maximum abezéien. Dofir gesi mer vir:

  • reegelméisseg Ëmfroen erauszegi resp. d’Bierger no Iddien iwwert Online-Ëmfroen/Formulairen ze froen,
  • reegelméisseg Biergerversammlunge souwéi Spriechstonne mam Schäfferot z’organiséieren,
  • e Kanner-; Jugend- souwéi e Senioregemengerot ze grënnen.

INTEGRATIOUN

Alleguer d’Bierger solle sech an eiser Gemeng wuel- an doheemfillen. Dëst gëllt och fir déi Leit, déi nei an eiser Gemeng sinn. Fir d’Integratioun vun neie bzw. auslännesche Bierger ze fërderen, gesi mer vir:

  • eng Integratiouns-Campagne ze lancéieren,
  • eng Journée d’Accueil et de Rencontre z’organiséieren, déi fir all d’Bierger aus der Gemeng op ass,
  • den Internet-Site www.kayl.lu och op Englesch ze gestalten,
  • d’Kommunikatioun un d’Bierger (z.B. Flyeren) op méi Sprooche wéi just op Lëtzebuergesch a Franséisch erauszeginn.

DIGITALISATIOUN

D’Digitalisatioun hëlt en ëmmer méi grousse Stellewäert an eiser Gesellschaft an. Fir dass keen op der Streck bleift, wëlle mer d’Digitalisatioun duerch Ubidde vu spezifeschen Atelieren a Workshops fir all Alter fërderen.

ADMINISTRATIV VEREINFACHUNG

Eisen Alldag gëtt ëmmer méi stresseg, dofir wëlle mer, do wou et méiglech ass, déi administrativ Prozedure vereinfachen, fir dass de Bierger méi Zäit fir déi wichteg Momenter huet. Dofir gesi mer vir:

  • souwuel fir den eenzele Bierger wéi och fir d’Veräiner sou vill wéi méiglech Demarchen an Demanden un d’Gemeng och an digitaler Form méiglech ze maachen (z.B. Demande vu Subsiden oder fir d’Reservatioun vun der Schungfabrik),
  • en Upgrade vum Internet-Site www.kayl.lu mat enger méi iwwersiichtlecher a vereinfachter Gestaltung ze maachen, wou een dat, wat ee sicht, direkt fënnt. 

ATTRAKTIVITÉIT

Eis Gemeng huet an de leschte Joerzéngten eng grouss Entwécklung duerchlieft. Fir d’Attraktivitéit weiderhin oprechtzëerhalen, wëlle mer d’Duerfkären nei beliewen.

All d’Bierger solle sech an eiser Gemeng wuelfillen. Mer wëllen, dass eis Awunner an enger propperer Gemeng liewen, duerfir sti mer a fir:

  • e reegelméissegen Entretien an e permanent Propperhale vun ëffentleche Plazen a Gréngzonen,
  • méi Poubellë souwéi Äschebecheren (besonnesch bei Busarrêten) am ëffentleche Raum,
  • e méi reegelméissegt Eidelmaache vun den ëffentleche Poubellen,
  • am Kader vun der Mobilité douce eng besser Beschëlderung bannent der Gemeng.

Fir d’Attraktivitéit vun der Gemeng ze steigeren, muss och de Wochemaart opgewäert a nei belieft ginn. Dëst dréit net nëmmen zu engem aktiven Duerfliewe bäi, mä fuerdert och de Kaf vu lokalen, regionalen a saisonale Produiten. Mer gesinn hei vir:

  • méi Verkeefer a Stänn, déi alles ofdecken, op de Maart ze huelen (Brout, Kéis, Fleesch a v.a. Uebst a Geméis),
  • a reegelméissegen Ofstänn e méi grousse Maart mat enger méi grousser Offer z‘organiséieren.

Och de Schoulgaart soll hei net vergiess ginn. D’Schüler sollen d’Méiglechkeet kréien, d’Uebst an d’Geméis aus hirem Schoulgaart um Wochemaart ze verkafen. 

De Parc Ouerbett huet sech an de leschte Jore staark entwéckelt an ass zu engem wichtege Lieu de Rencontre fir all Alter ginn. Mer wëllen dës positiv Evolutioun virundreiwen an hei:

  • eng ëffentlech Grillplaz amenagéieren,
  • e klenge Kiosk virgesinn, wou jidderee Gedrénks a Snacks kafe kann,
  • de Parc Ouerbett ausbaue mat Spillplaze fir déi kleng Kanner, engem Beach-Volleyball-Terrain an enger Petanque-Piste. 

1. Eng Gemeng fir ze liewen (2)

SCHOUL & SERVICE D’EDUCATION ET D’ACCUEIL (SEA)

D’Educatioun ass e wichtege gesellschaftleche Sujet. Fir dass sech eis Kanner an der Schoul an am SEA beschtméiglech entwéckele kënnen, ënnerstëtze mer aktiv de Projet „Bildungshaiser“.

De SEA ass zu engem Service ginn, deen net méi aus eiser Gemeng ewechzedenken ass an op dee vill Elteren aus beruffleche Grënn ugewise sinn. Fir dass nach méi Elteren a Kanner vum SEA profitéiere kënnen, gesi mer vir:

  • déi bestoend SEA-Ariichtungen auszebauen an doduerch weider SEA-Plaze resp. eng méi grouss Offer fir eis Kanner ze schafen.
  • eng Analyse ze maachen, fir eng SEA-Ariichtung fir d’Kanner aus dem Precoce ze schafen.

Vill Kanner, déi am SEA ageschriwwe sinn, kënnen aus organisatoresche Grënn hiert Hobby net ausüben. Dofir gesi mer e SEA-Transport vir, deen d’Kanner an d’Veräiner aus der Gemeng féiert a se nees an de SEA bréngt. 

D’Sécherheet an d’Wuelbefanne vun de Schüler si fir eis wichteg Themen, duerfir gesi mer vir:

  • de „séchere Schoulwee“ ze iwwerschaffen. Momentan ass e geféierlech an d’Biller um Buedem si rutscheg. Dëst ass eng Gefor fir eis Kanner. 
  • déi bestoend Aktioune géint all Forme vu Mobbing an Diskriminatioun virunzedreiwen.
3D-Bild vun der neier Schoul um Widdem

ENG KANNER- A JUGENDFRËNDLECH GEMENG

D’Kanner solle sech ouni Bedenken op de Spillplazen an eiser Gemeng austobe kënnen. Op ville Plaze feelt et awer u Schied an esou si si der praller Sonn oft ausgesat. Deem wëlle mer entgéintwierken a gesinn dofir vir, méi Beem bei de Spillplazen ze planze resp. Elementer op de Spillplazen z’integréieren, déi fir méi Schied suergen.

Net all Kand huet d’Méiglechkeet, am Summer an d’Vakanz ze fuere resp. un de Summeraktivitéiten deelzehuelen. Fir dass sech kee Kand benodeelegt fille muss, gesi mer wärend der Summervakanz a reegelméissegen Ofstänn Summeraktivitéiten a Form vu kreativen Ateliere fir all Kand vir.

De Jugendtreff an de Jugeninfo sinn an eiser Gemeng zu engem Bestanddeel ginn, deen net méi ewechzedenken ass. Si sinn eng wichteg Ulafstell fir eis Jugendlech souwéi ë.a. och fir hir Elteren. Mir gesi vir, de Jugendtreff an den Infolabel weiderzedreiwen an zesummen ë.a.:

  • de Projet weiderzeféieren, fir Jonker um Aarbechtsmarché z’integréieren a v.a. déi lokal Entreprisen ze motivéieren, Stage- a Léierplaze fir eis Jonker opzemaachen.
  • Prävention géint all Forme vu Sucht souwéi géint Mobbing ze bedreiwen, well sech béides zu engem ëmmer méi grousse Problem bei Kanner a Jugendlechen entwéckelt. 

ENG SENIOREFRËNDLECH GEMENG

Och d’Seniore solle sech an eiser Gemeng wuelfillen. Fir dass si e Maximum um Gemengeliewen deelhuele kënnen, gesi mer vir:

  • d‘Aktivitéite fir d’Senioren ze fërderen an esou géint d’sozial Isolatioun unzekämpfen,
  • de System vum „Ruff-Bus“ auszebauen, andeems e méi flexibel gëtt an och owes bzw. sonndes fiert, wann an der Gemeng eng Manifestatioun ass,
  • zousätzlech Sëtzgeleeënheeten am ëffentleche Raum ze schafen,
  • eng modern Senioreresidenz ze bauen. 

INCLUSIOUN

Mer sti fir sozial Responsabilitéit a wëllen d’Inclusioun no vir dreiwen. Och Leit mat enger kierperlecher oder geeschtlecher Behënnerung hunn eng fest Plaz an eiser Gemeng a solle sech hei wuelfillen. Mer engagéieren eis fir et hinnen z’erméiglechen, aktiv um ëffentleche Liewen deelzehuelen. Dofir gesi mer vir:

  • barrièrefräi Zougäng zu allen ëffentleche Gebaier souwéi zu de Manifestatiounen z’amenagéieren (z.B. Trapelifter),
  • behënnertegerecht Infrastrukturen op de Spillplazen ze schafen (z.B. Klunsche fir Rollstullfuerer), 
  • e Projet fir betreit Wunne fir Leit mat engem Handicap ze schafen.

1. Eng Gemeng fir ze liewen (3)

VERÄINS- A KULTURLIEWEN

Eis Gemeng lieft duerch eis Veräiner. Fir si esou gutt et geet ze ënnerstëtzen, gesi mer vir:

  • de Veräiner méi Raimlechkeeten zur Verfügung ze stellen, fir hir Versammlungen a Manifestatiounen ofzehalen,
  • eng Journée d’Accueil et de Rencontre z’organiséieren, wou sech eis Veräiner ënnerteneen austauschen a sech de Bierger presentéiere kënnen,
  • de Benevolat ze promovéieren a v.a. bei de Jugendleche méi Reklamm ze maachen. 

SPORT

Sport a reegelméisseg Beweegung si wichteg fir Kierper a Séil. Dofir gesi mer vir:

  • de Fitnessparcours auszebauen, dëst v.a. am Parc Hummerland. Esou hunn d’Elteren z.B. d’Méiglechkeet, Sport ze maachen, wärend hir Kanner op der Spillplaz spillen.
  • d’Vestiairë vun de Sportanlagen auszebauen, dëst v.a. mat Bléck op den Dammesport. D’Meedercher an d’Damme sollen eege Vestiairë kréien. 
  • e syntheetesche Fussballterrain, deen den neisten Ufuerderunge vun der EU entsprécht, um Terrain zu Käl z’amenagéieren. Dëse soll och fir de Schoulsport benotzbar sinn.
  • d’Sportinfrastrukturen an eise Parken auszebauen (z.B. Beach-Volleyball-Terrain a Petanque-Piste).

TOURISMUS

Esch2022 huet gewisen, wéi vill touristescht Potenzial an eiser Gemeng stécht. Aus dësem Grond wëlle mer den Tourismus am Minett fërderen an no vir dreiwen a gesi vir:

  • Camperplaze souwéi Plazen, fir d’Camperen ze botzen, z’amenagéieren, 
  • eng besser regional Beschëlderung vun de Wanderweeër ze maachen, déi och d’Distanzen zu anere Plazen/Uerter uweist,
  • e Prospekt iwwert eis Gemeng an d’Wanderweeër am Minett z‘editéieren,
  • eng besser Zesummenaarbecht mat de regionalen Tourismus-Organisatiounen unzestriewen.

2. Eng sozial Gemeng

SOZIAALT WUNNEN

Am soziale Logement muss d’Gemeng Verantwortung iwwerhuelen a selwer méi aktiv ginn an investéieren, fir bezuelbare Wunnraum ze schafen. Dofir gesi mer eng aktiv Zesummenaarbecht mat externe Partner vir. 

SOZIAL MOOSSNAMEN

Den Office social ass fir all Bierger eng Ulafstell, fir Informatiounen iwwer soziaalt Uleies ze kréien. Dofir gesi mer vir, eng besser Opklärung iwwert d’Missiounen an d’Kompetenze vun dësem Service an d’Weeër ze leeën. 

Mer halen un de Beschäftegungsmoossname fest (CIGL), fir de Leit ze hëllefen, um Aarbechtsmarché Fouss ze faassen. Mer setzen eis fir e Cent-Buttek am Käldall an, well dësen dozou bäidréit, der Aarmut an eiser Gemeng entgéint ze wierken.

3. MOBILITéIT

Déi vill Reaktioune vun de Bierger op de Mobilitéits-Check hu gewisen, dass eisen Awunner de Verkéier e grousst Uleies ass. D’Erkenntnisser aus dëser Etude huele mer eescht a schaffen e Plan d’Action fir eng besser Verkéierssituatioun zu Käl an zu Téiteng aus. 

ËFFENTLECHEN TRANSPORT

Fir d‘Attraktivitéit vum ëffentlechen Transport ze steigeren an esou och der Verkéiersproblematik an eiser Gemeng entgéintzewierken, fuerdere mer méi direkt CFL-Zuchlinnen, z.B. op de Belval oder op de Kierchbierg, souwéi eng méi héich Frequenz vum Zuch tëschent Rëmeleng an Näerzeng. Dëst gëtt eiser Gemeng scho säit Laangem vum CFL versprach, bis elo ass awer nach näischt geschitt. Dat muss sech elo änneren!

TRAFIC AN EISER GEMENG

Wéi schon ugedeit, ass de Verkéier ee vun de grousse Problemer, mat deem eis Gemeng konfrontéiert ass. Mer gesinn dofir eng Etude vir, wéi sech d’Verkéierssituatioun duerch spezifesch Moossname berouege léisst.

MOBILITÉ DOUCE

Och eng attraktiv a sécher Mobilité douce dréit zu enger positiver Verkéierssituatioun bäi. Dofir gesi mer vir:

  • eng Opklärungscampagne iwwert d’Mobilité douce an eiser Gemeng duerchzeféieren. 
  • eng Opwäertung vun de Vëlos- an Trëppelweeër ze viséieren, fir dass d’Leit hiren Auto och gären emol stoe loossen.
  • méi Vëlosweeër an a ronderëm d’Gemeng ze schafen, z.B. vum Käler Kierfecht Richtung Esch iwwert déi al Tramslinn.

4. Urbanismus

LOGEMENT

Nieft dem Schafe vu bezuelbarem Wunnraum stellt och d’betreit Wunne souwéi de Logement encadré fir Senioren eng grouss Prioritéit fir eis duer. Mer sinn oppe fir eng Zesummenaarbecht mat alle méiglechen externe Partner fir d‘Realisatioun vun enger Senioreresidenz, engem Foyer du Jour an engem Generatiounshaus. 

URBANISMUS

Fir de Wuesstem an eiser Gemeng weiderhin op eng positiv Aart a Weis ze fërderen, gesi mer vir:

  • d’Entwécklung vum Projet „Kayl-Nord“ no vir ze dreiwen, 
  • Méiglechkeete vun ënnerierdesche Parkhaiser z’analyséieren,
  • d’Brillplaz opzewäerten, andeems mer nei Wunnstrukture mam ëffentlech Liewe verbannen. 

Fir d’Verkéierssécherheet ze garantéieren, gesi mer vir:

  • de kontinuéierlechen Ënnerhalt vum Stroossennetz ze garantéieren,
  • den definitive Stroossebelag an der Cité Helpertsbam zu Käl ze leeën,
  • d‘Stroossen um Hesselsbierg an an der Rue du Soleil zu Téiteng ze erneieren,
  • eng Analyse vun der Parksituatioun an der Rue des Prés zu Käl duerchzeféieren.

De Crassier tëschent Téiteng a Rëmeleng ass eng grouss Opportunitéit, fir d’Attraktivitéit vun eiser Gemeng ze steigeren an enger grousser Partie vu Besoine gerecht ze ginn. Mer leeën de Fokus hei op:

  • de Bau vun engem neien, der haiteger Zäit gerechte Police-Büro fir d’Gemenge Käl a Rëmeleng,
  • de Bau vu Sportinfrastrukture fir eis Veräiner souwéi fir de Schoulsport,
  • eng liicht Vergréisserung vum STEP.

5. Ëmwelt a Klima

NOHALTEGKEET

Eng nohalteg Liewensweis gewënnt an eisem Alldag ëmmer méi u Bedeitung. Och dësen Aspekt ass eis wichteg, dofir gesi mer vir:

  • méi Gréngzonen an der Gemeng selwer ze schafen a permanent z’ënnerhalen.
  • e Repair-Café ze lancéieren, fir d‘Leit zum Thema „Nohaltegkeet“ ze sensibiliséieren.
  • d’Nohaltegkeet duerch de Kaf vu lokalen, regionalen a saisonale Produiten ze fërderen, andeems de Wochemaart opgewäert gëtt.
  • d’Bio-Poubellen och am Wanter ee Mol d’Woch eidel maachen ze loossen an d’Leit ze sensibiliséieren, hire Bio-Offall an déi gréng Poubelle ze geheien.
  • eis Quelle fir déi lokal Drénkwaasserproduktioun ze erschléissen.
  • eis Baachen erëm an e gudden Zoustand ze versetzen.

ENERGIE

Mer ginn ëmmer méi mat de Folge vum Klimawandel konfrontéiert. Dofir sti mer fir e responsabelen Ëmgang mat der Energie an de Ressourcen a gesi vir:

  • de Projet fir all d’Stroosseluuchten an der Gemeng op LED-Luuchten ëmzebauen, konsequent weiderzeféieren, 
  • d’Elektro-Mobilitéit souwéi d’Installéiere vun Elektro-Bornen ze fërderen, 
  • weider Solarzellen op ëffentleche Gebaier virzegesinn, 
  • d‘Subsidë fir erneierbar Energien an energeetesch Sanéierungen z‘aktualiséieren.

6. Ekonomie

GEMENGEFINANZEN

E responsabelen Ëmgang mat de Finanzen ass wichteg, fir eng Gemeng op laang Siicht ze stäerken. Mer wëllen am Interêt vun eise Bierger investéieren an eis finanziell Situatioun stabiliséieren. Dofir gesi mer ë.a. eng besser interkommunal Zesummenaarbecht am Käldall vir. 

ATTRAKTIVITÉIT FIR DE LOKALE COMMERCE

En attraktiivt Geschäftsliewe dréit zu enger dynamescher Gemeng bäi a wierkt sech positiv op d’Gemengefinanzen aus. Dofir gesi mer vir:

  • e Konzept mat der „Union Commerciale et Artisanale“ auszeschaffen, fir d’Geschäftswelt nei ze beliewen, 
  • jonk Geschäftsgrënner unzezéien, andeems mer Lokalitéite fir Pop-up-Stores zur Verfügung stellen.

7. Sécherheet

POLICE A RETTUNGSDÉNGSCHTER

Mer setzen eis dofir an, dass d’Police an de CGDIS eiser Gemeng bzw. dem Käldall erhale bleiwen. An Zesummenaarbecht mam Ministère baue mer en neien a moderne Policebüro fir de Käldall um Crassier tëschent Téiteng a Rëmeleng.

Och de momentane Site vum CGDIS an der Rue du Moulin ass net méi zäitgeméiss. Dofir kënne mer eis nieft engem neie Policebüro och nei Gebailechkeete fir d’Rettungsdéngschter virstellen.

SÉCHERHEET

Och mat Bléck op d‘Sécherheet solle sech eis Awunner wuelfillen. Dofir gesi mer vir:

  • den Agents municipaux méi Kompetenzen ze ginn, wouduerch d’Sécherheet vum Bierger gestäerkt gëtt.
  • méi staark géint de Vandalismus, v.a. op ëffentleche Plazen, an de Parken an op Spillplaze virzegoen.

Mer engagéieren eis, fir an d’Zukunft vu Käl an Téiteng z‘investéieren an eis Liewensqualitéit op laang Siicht ze erhalen.