D’Internetsite kael-teiteng.csv.lu ass am Sënn vun der Europäescher Dateschutz-Grondveruerdnung, ënnert der Responsabilitéit vun der CSV, der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei. Fir d’Erhiewen an Notze vun den Donnéeë bezéie mir eis op a beuechten Art 6. Abs.1 lit. A vun der EU-Datenschutzveruerdnung.
D’Site sinn an engem Datenzenter zu Lëtzebuerg hebergéiert an den Zougrëff op d’Site geschitt iwwer eng mat SSL geséchert Connectioun (dorun ze erkennen dass d’Adress mat “https” ufänkt).
Persounebezunnen Donnéeën erfaasse mir nëmmen dann, wann Dir ausdrécklech Är Zoustëmmung gitt. Dat ass jee no Notzung vun de Site ënnerschiddlech:
Wann Dir eis Internetsitte besicht, ass ze berécksiichtegen:
Aus Grënn vun der Datesécherheet, ginn anonymiséiert IP-Adressë vun de Visiteure fir e limitéierten Zäitraum gespäichert. Gespäichert gëtt wéi eng Adressen zu wéi enger Zäit a vu wéi enger IP-Adress opgeruff gi sinn. Dës Date gi fir zwou Woche gespäichert a just d’Personal, dat sech ëm d’Gestioun vum Server këmmert, kann drop zougräifen. Duerno ginn se nach dräi Méint verschlësselt a Form vu Backups archivéiert.
D’Sitte benotze verschidden extern Servicer. Aus technesche Grënn gëtt dee Moment d’IP-Adress un dee jeeweilege Service iwwerdroen. Et sinn dëst:
D’Sitte kael-teiteng.csv.lu benotze Cookies fir statistesch Zwecker a fir perséinlech Preferenzen ze späicheren (beispillsweis déi zulescht ausgewielte Sprooch). Zousätzlech gëtt e Cookie ugeluecht, esoubal ee versicht sech anzeloggen.
D’Videoen, déi iwwer YouTube geluede ginn, setzen och Cookies. Mir benotzen eng Versioun vu YouTube mat méi héijem Dateschutz. Dës setzt zwar och Cookies, mee dës gi laut Google net fir Tracking-Zwecker gebraucht. Méi Informatiounen iwwer de “Privacy enhanced mode” bei Google: https://support.google.com/youtube/answer/171780
Wann een op csv.lu op e Button mam Text “Share” oder “Tweet” klickt, geet eng nei Fënster op bei Facebook respektiv Twitter. Dee Moment kréie Facebook oder Twitter mat, vu wéi engem Site dass ee bei si kënnt. Wann een net op déi Knäppecher klickt, gi keng Daten un dës Sozial Netzwierker iwwerdroen.
Op eiser Internetsäit, fannt Dir Linken op Websitte vun Drëtten, wou mir nom Uklicke keen Afloss dorobber hunn, wéi den Ubidder Är Donnéeë veraarbecht. Fir d’Veraarbechtung vun Drëtten iwwerhuele mir keng Verantwortung.
Dir hutt d’Recht gewuer ze ginn, wéi eng Donnéeën d’CSV vun Iech huet a firwat a kënnt d’Erlaabnis fir d’Notze vun Ären Donnéeën zu all Moment widderruffen. Esou stinn Iech d’Recht op Auskonft, Verbesseren, Läschen, Aschränkung, Dateportabilitéit, Widderruff a Widdersproch zou.
Am Fall, wou Dir der Meenung sidd, datt beim Notze vun Ären Donnéeë géint Dateschutzrecht verstouss gëtt, kënnt Dir d‘CNPD (Commission nationale pour la protection des données) kontaktéieren.
CSV-Generalsekretariat, 4, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg / B.P. 826 Luxembourg / Tel: 225731-1 / csv@csv.lu
Eisen Dateschutzbeoptragten erreecht Dir ënner: dateschutz@csv.lu / 225731-1
V1.0