43, Dagesmamm, Téiteng
Member Kanner- a Ëmweltkommissioun
Hobbys: Molen, reesen, nei Kulture kenneléieren
Statement: „Ech engagéiere mech politesch, well ech a Bezuch op d‘Liewen an d‘Zesummeliewen an der Gemeng eppes veränneren an iwwer Projeten, déi ustinn, matschwätze wëll. Duerch den noe Kontakt zu de Bierger sinn ech au courant, wat d’Leit sech an den nächste Joren erhoffen. Sou wäit wéi méiglech wëll ech dat Essentielt mat ëmsetzen.“
58, Pensionéierten Teamleader Schicht, Käl
Sektiouns-Vize-President
Member Sportskommissioun
Hobbys: Vëlo fueren, Pétanque spillen, mam Hond spadséiere goen
Statement: „Ech engagéiere mech an der Politik, fir eist Veräins- an Duerfliewen ze fërderen, fir dass d’Bierger gären zu Käl an Téiteng liewe wëllen.“
68, Chef d’Entreprise
Sektiouns-Vize-President
Member Bauten-a Loyerskommissioun
Hobbys: Fussball, Motorrad, Sport
Statement: „Ech engagéiere mech, fir d’lokal Politik ze fërderen. Eis Gemeng soll hire Bierger flott Aktivitéiten ubidden, d’Problemer vu Seniore sollen eescht geholl ginn an d’Verkéiersproblematik muss bekämpft ginn.“
30, Däitsch-Professer am LNB, Téiteng
Sektiouns-Sekretärin
Member CSV-Nationalrot
Member CSG-Comité
Member Schoul-, Jugend- a Loyerskommissioun
Hobbys: Lafen, Fitness, Hulahoop, liesen
Statement: „Ech engagéiere mech an der Politik, well ech meng Gemeng aktiv matgestalte wëll an et mer wichteg ass, dass sech d’Bierger an hirer Gemeng wuelfillen. Bedéngt duerch mäi Beruff als Enseignante setzen ech mech v.a. fir d’Schoulpolitik an d’Jugendaarbecht an.“
70, Pensionéierte Polizist, Käl
Laangjärege President Amicale des Marcheurs Kayl
Member CSV-Senioren
Member Bauten- a Seniorekommissioun
Hobbys: Trëppelen, Natur, reesen, Déieren
Statement: „Ech engagéiere mech an der Politik, fir eppes ze beweegen, fir Saachen ze veränneren a well ech fir meng Matmënschen wëll do sinn.“
35, Gemengenaarbechter, Käl
Member Verkéiers-, Kanner- a Jugendkommissioun
Hobbys: Zäit mat der Famill verbréngen, reesen, Disneyland
Statement: „Ech engagéiere mech an der Politik, fir de Bierger hir Iddien an Ureizer mat an d’Projeten afléissen ze loossen an esou d‘Zesummeliewen ze fërderen.“
44, Infirmière Responsaber Verbandskëscht, Téiteng
Sektiouns-Vize-Presidentin
Member Verkéiers- a Sportskommissioun
Comités-Member vum Cycling Team Kayldall
Hobbys: Skifueren, reesen, Vëlo fueren
Statement: „Ech engagéiere mech fir eng attraktiv a liewenswäert Gemeng, woubäi d‘Wuelbefanne vum Bierger an d‘Verkéiersproblematik fir mech un éischter Stell stinn.“
51, Responsable Technique McBride, Téiteng
President vum Fussballveräin Union 05 Käl-Téiteng
Hobbys: Fussball, Famill
Statement: „Ech wëll der Partei a menge Parteikolleegen do hëllefen, wou ech gebraucht ginn. Ech sinn zu all Moment bereet, fir si z’ënnerstëtzen an eis Gemeng esou no vir ze bréngen.“
47, Kannerdokter, Téiteng
Member Sportskommissioun
Hobbys: Sport a Famill
Statement: „Ech engagéiere mech, fir mech an der Gemeng, wou ech säit 46 Joer wunnen, politesch anzebréngen. Duerch meng kolumbianesch Racinnen, meng zwee Kanner, déi mat Spuenesch a Lëtzebuergesch opwuessen, a mäi Beruff als Pediater si mer d‘Integratioun an de Sport an doduerch och d’Gesondheet vun de Bierger immens wichteg.“
55, Chargée de Relation BCEE, Téiteng
Member Kultur-a Finanzkommissioun
Hobbys: Riesen, liesen, Famill a Frënn
Statement: „Ech engagéiere mech an der Politik, well ech mech fir d’Leit an hir Problemer interesséieren a well ech d’Gefill hunn, dass an der „grousser Politik“ de „klenge Mann“ ëmmer erëm vergiess gëtt. Dernieft sinn ech der Meenung, dass nëmme kritiséieren net duergeet, mä selwer eng Hand mat upaken zielt.“
55, Educatrice an enger Crèche, Téiteng
Caissière CSV Sektioun Käl-Téiteng
Member Senioren- a Kannerkommissioun
Hobbys: An eiser schéiner Natur mat mengem Hond, dem Fousel, spadséiere goen, Fitness, vill Zäit mat mengen zwee Meedercher a menge Frënn verbréngen, Politik, liesen
Statement: „Ech engagéiere mech an der Politik, fir eis Kanner a Jugend staark ze maachen, fir mech fir déi eeler Leit anzesetzen a fir dass de gefuerderte Wuesstem eis an eis Heemecht net futti mécht. Ech wëll, dass jiddereen hei am Land nach laang däerf Mënsch sinn an dass eis Gemeng och an Zukunft nach liewenswäert bleift.“