Skip to content

gutt besichten AGo de 16. Mäerz 2023

De 16. Mäerz huet eise Comité op seng uerdentlech Generalversammlung an d’Schungfabrik op Téiteng invitéiert. Vill Membere sinn dëser Invitatioun nokomm.

De Sektiouns-President Jean Weiler ass a senger Begréissungsried och op déi politesch Situatioun zu Käl an zu Téiteng agaangen an huet en Ausbléck op zukünftig Projete ginn. Duerno huet d’Sektiouns-Sekretärin Mélanie Grün de Joresbericht presentéiert an d’Tresorière Diane Thein-Hoffmann huet de Finanzrapport virgestallt. Nom Bericht vun de Keeserevisore konnt de Comité entlaascht ginn. Uschléissend goufen déi langjäreg Membere geéiert.

Beim zweeten Deel vun dëser AGO loung de Fokus op der CSF-Sektioun Käl-Téiteng. D’Begréissung an d’Presentatioun vum Joresrapport huet d’Presidentin Diane Thein-Hoffmann iwwerholl. Duerno huet d’Tresorière Marie-Paule Freyeisen de Keesebericht virgestallt. Och hei konnt de Comité nom Bericht vun de Keeserevisoren entlaascht ginn.

Am Umschloss op den administrativen Deel huet eisen CSV-Dupéierte Gilles Roth en interessanten Abléck an d’Nationalpolitik ginn.

No der AGO konnt den Owend bei engem Glieschen an engem klenge Maufel gemittlech ausklénge gelooss ginn. (Text: Mélanie Grün)

Beitrag deelen